Welpen ze verkaafen
:)
Dem Indi säi Körbericht!
D’Indi ass ugekört!
De Körmeister Christoph Ludwig huet d’Indi en Samsten ugekört!
De Körbericht gett eragestallt wann mir en hunn!
Eis hoffentlecht Quali steet un!
Den Tzako ass gudd gelaaf!
Spontan hunn mir eis geschter um 13:00 Auer ugemellt fir um 15:00 Auer eng Ausdauerprüfung mattzemaachen! Dat ganzt aus Solidaritéit mam Loui
An natierlech och fir zu Höfen ebessi ze feieren, hihihihihi! Di kuerz roud ware gudd, gell Otmar!!!!
Den Tzako huet et alt nees gepackt, matt absoluter Liichtegkeet!!!! Wéi emmer net vill pedalléiert, merci Tzako, ech hunn haut kee Muskelkater
Leider konnt de Bladi-Stuppi net matt! Heen huet lo mol eng Zäitchen Schonfrist! Decke Knutsch op di hennescht Patt!
Fotoen vum Fotoshooting
D’Conny an ech waren mat eise Muppen op Klierf gefuer an hunn do schéi Fotoe gemaach!
Hei klicken fir eng Auswiel ze gesinn!
Seminar beim Jogi
Mir waren dese We op dengem Seminar beim Jogi, leider hu mir keng Fotoen dierfe maan, mais et war ganz vlott a mir hu bäigeléiert…
Owes ware mir gudd Iessen an hunn eis gudd amüséiert matt eisen däitsche Kollegen!
Den Tzako huet en neie gudde Frend fonnt