AKZ: BH, AD, NPOV – B (L), B1, B2

  Hallo,

 

ech sinn den Tzako. Ech sinn am Dezember 2006 zu Gilsdref op d’Welt komm. Mäi Papp ass e Coccer a meng Mamm eng Braque a gleef mir ech sinn kee Beagle… Dach wierklech gleef mir, ech si e gelongene Verschnitt.

Ech hunn nach sou en donkele Brudder an fir de Recht si meng Gesëschter awer éischter hell, fir net ze soe wäiss mat Punkten. Géi kuck meng Fotoen mol…

Vu Gilsdref sinn ech op Beefort an dono op Rodange geplennert. Lo wunnen ech an engem Haus an ech dierf dobannen schlofen an de Blade muss eraus an den Zwinger, hehe…

Mëttwochs a Sonndes fuere mir op den Training op Bollendorf a Freides heiansdo op Gaasperech. Wann ech Chance hunn, ass d’Nora do an dat spillt mat mir mam Ball. Ech maache jo alles fir de Ball… Esouguer ginn ech schéin opmierksam Fouss oder ech setze mech schéi fir. Verlaang just net ech soll mech setzen an du gees einfach weider, dat hunn ech net gär, mais ech probéiere mech ze besseren, versprach!

Heiansdo fährten ech och ganz gutt, wann virdun net eng Wëllsau  oder e Réi iwwert meng Spuer gerannt ass, well soss ticken ech nämlech total aus…

Fir de Recht hunn ech eng Bommekonditioun a gi gär mat menger Meeschteg lafen oder Vëlosfueren, well du muss wessen ech hunn d’Ausdauerprüfung gepackt. Ajo, ech sinn 20 Kilometer gelaf a meng Meeschteg ass um Vëlo  gefuer.

Ausserdem hunn ech och d’Begleithundeprüfung zwee mol gepackt. Ee Mol zu Gasperech an ee Mol zu Bollendorf mam Nora… Merci, du hues dat gutt gemaach!!! Ausserdem huet d’Nora och lo nach d’Ausdauerprüfung mat mir gepackt!

Den Didi, eisen Trainer, huet mech zimlech erbäi geholl beim Bringen, well genee sou wéi am wierkleche Liewe sinn ech do och relativ zéi! Ech halen an droen d`Holz roueg a richteg bréngen kenn ech mëttlerweilen och. Wann ech mech gutt ustrengen kommen ech esou guer ouni opzesetzen iwert d’Hürd. D’Kletterwand meeschteren ech matt Liichtegkeet!

5/10 An éischter Instanz huet den Daniel elo mat mir zu Gaasperech am Veräin d’Vorstufe an der Foussaarbecht gemaach. Mir hun déi och zesummen matt 86 Punkte gemeeschtert. Vläit huet hee jo och de Courage zu Höfen mech an der Klass 1 – B firzeféieren! Merci Daniel!

Zu Gaasperech ass och lo am Mee 2009 eng Schau fir net Rassenhenn… do presentéiert den Daniel mech och! Mol kucken wat dobäi erauskennt… Wat di Madame vu mir hält!

Jo jo… esou ass et komm an den Daniel huet dat gudd gemaach! Mir hunn nemmen ofgeraumt! An eiser Kategorie sinn mir op di éischt Platz komm an mir hunn den Daagessiig vun alle Ritten gemaach! Genial!

 

 6/10 Leider hat den Daniel d’Méigleichkeet net mech zu Höfen ze féieren, dofir huet d’Meeschteg dat selwer gemaach… méi oder manner gudd! Mäi Fehler war just, datt ech kee Sitz gemaach hun… mä ech hunn e mega coole Steh gemaach, wou vill Schäferhënn sech nach eng Scheif kennen ofschneiden :) Mais ech muss soen, dat hu mir nach ni virdru geübt, mais meng Meeschteg huet mer ugekennegt datt dat lo deem nächst um Programm steet, datt ech am November zu  Bollendorf d’B2 kenn maachen…

9/10 Ech hun zu Höfen alt nees eng Ausdauer matt Bravour bestaan! 

11/10 Sou B2 hunn mer gepackt… zwar net esou toll, mais emmerhinn! Schliesslech hat en decke Kuerb den Hupla als Landeplatz genotzt…. Do war et matt meng Konzentratioun net méi esou staark! Mais bei der nächster Kéier geet et bestemmt besser!

 

 Hei epuer Fotoe vu mir: