02.13.2011

Jo sou ass dat!

Wahre Liebe gibt es nur unter Männern:

            



           

 

Aber auch zwischen Mensch und Hund:

          

Awer, dat ganzt, ier mer eis haut matt leider nemmen 73 Punkten an enger éischter Plaz fir d’Landesmeeschterschaft qualifizéiert hun!

Et ass net genial gewiescht, mais bon! Mir schaffen drun!

 

Besonnesch STOLZ sinn ech op de Blade! Heen huet seng éischt FH 1 matt ganzer 94 Punkten higelued… Dat war eng genial Aarbecht! Du bass e Schatzi!

  Als kleng Story: 

De Willy (alias Jean-Claude) soot de Mueren zu mir! Sief frou, datts du de haut net hues misse schaffen, well ech sinn de Mueren laanscht däi Fährtengelände gefuer an do stungen Miliounen Réih dran… Well déi stungen jo bestemmt gescht net dran, gell Willy :) Di haaten Nachbesprechung haut vu menger Spuer gescht, hihihi!

 

Den Tzako huet och geschafft, zwar méi schlecht wéi Recht, mä Frauchen hat virdun een Erfolleg, sou datt dat net méi sou wichteg war sech nach weider ze konzentréieren. Ausserdem kenn een och net matt net vill Training vill ereechen an dat hate mir lo blöderweis versicht! Frauchen, Frauchen selwer Schold…. Mä dunn hat awer och nach esou e blöde Vull di toll Iddi den Hupla als Landepiste ze huelen, haha an wat huet Frauchen mir dann dann do nach ze bidden, duecht den Härr, kee Ball, keng Leckerli,… Nönönö, dann ass d’Konzentratioun an den Wolleken! Den Tzako besteet seng B2 mat 76 Punkten! 

 

Hei kenn dir Fotoe kucken!

06.12.2010

Prüfung zu Höfen

 Mir fueren lo op Höfen!

Den Tzako versicht sech an der B1! Als net DSH wärt dat jo hoffentlech eppes ginn ënnert dem Riichter Niessen. 

Dreckt eis all d’Daumen!

 Wanns du Fotoe vun der Schau wells kucken, dann klick hei!

Mega genial, den Tzako huet nemmen ofgeraumt!

Heen ass eischten a senger Kategorie ginn an dunn am Eierering ass heen ennert all de Siigerritten aus alle Katergorien erausgewielt ginn fir dee

beschte Ritt vum Daag

ze ginn!

Den Loui, huet jo wierklech mei laang Oueren, mais leider huet dat dem Jury net imponéiert… Mais emmerhin ass heen zweeten an der Kategorie Erwuesse Ritte ginn.

Dir sidd zwee gudd Stuppen an hudd ierch vorzüglech gewisen!

05.26.2010

Schau den 29. 5. 10

Den Daniel stellt den Tzako zu Gaasperech aus. Do ass eng Schau fir Net-Rassen-Hënn! D’FCI- Schéinheetsriichterin ass d’Mme Marie – Josée Melchior. Den Tzako leeft an der Kategorie Erwuessen Ritten.

Loose mer eis mol iwerraschen wat de Schatzi dann do fir eng Bewertung kritt. Leider ass se nemme mëndlech, mais ech versichen mir se ze verhalen fir Iech ze informéieren!

Den Otmar mam Loui start och… dat ass eng deck Konkurenz… Waat d’Ourelängt ugeet, huet den Loui schon gewonn! Vill Gléck :)

Hei di zwee Konkurenten:

 

                   

Wee Loscht huet kenn hei dem Daniel seng Leeschtung, trotz Riesennervositéit op engem Video kucken!

Fir de Video hei klicken! (Merci Steve)

 

Remarque zu den Resultater: Den Daniel ass fir de Veräin Bollendorf gestart.

Leider ass Frauchen nach emmer net fit, kenn nach emmer nemmen humpelen, ass nach emmer am Krankeschäin a konnt net trainéieren. En plus war de Bladi-Stuppi an der Pensioun bei Schneiders (Merci!), dofir schaffe mir wuel e Sondeg net, 

mais 

den Daniel schafft mam Tzako NPO – Vorstufe a B. Dir sidd e super Team an Iech zwee nemmen dat Bescht! Dir maacht dat schon!

 

12.24.2009

Happy Birthday!

 Tzakolino, haut kriss du schon 3 Joër, bleiw weider esou wéi’s de bass, du bass de Beschten!

En dëcke fette Knutsch!

 Endlech ginn et Fotoen vum Tzako sengem Apport.

Weider Fotoen vun engem "fliegenden, apportierenden Otter" sinn enner Fotoen ze fannen!

AKZ: BH, AD

 

Nächste Seite »