Wanns du Fotoe vun der Schau wells kucken, dann klick hei!

Mir stelle fir:

d’Happy vom Falkenau

     

     

     

Mega genial, den Tzako huet nemmen ofgeraumt!

Heen ass eischten a senger Kategorie ginn an dunn am Eierering ass heen ennert all de Siigerritten aus alle Katergorien erausgewielt ginn fir dee

beschte Ritt vum Daag

ze ginn!

Den Loui, huet jo wierklech mei laang Oueren, mais leider huet dat dem Jury net imponéiert… Mais emmerhin ass heen zweeten an der Kategorie Erwuesse Ritte ginn.

Dir sidd zwee gudd Stuppen an hudd ierch vorzüglech gewisen!

05.26.2010

Schau den 29. 5. 10

Den Daniel stellt den Tzako zu Gaasperech aus. Do ass eng Schau fir Net-Rassen-Hënn! D’FCI- Schéinheetsriichterin ass d’Mme Marie – Josée Melchior. Den Tzako leeft an der Kategorie Erwuessen Ritten.

Loose mer eis mol iwerraschen wat de Schatzi dann do fir eng Bewertung kritt. Leider ass se nemme mëndlech, mais ech versichen mir se ze verhalen fir Iech ze informéieren!

Den Otmar mam Loui start och… dat ass eng deck Konkurenz… Waat d’Ourelängt ugeet, huet den Loui schon gewonn! Vill Gléck :)

Hei di zwee Konkurenten:

 

                   

Wee Loscht huet kenn hei dem Daniel seng Leeschtung, trotz Riesennervositéit op engem Video kucken!

Fir de Video hei klicken! (Merci Steve)

 

Remarque zu den Resultater: Den Daniel ass fir de Veräin Bollendorf gestart.

Leider ass Frauchen nach emmer net fit, kenn nach emmer nemmen humpelen, ass nach emmer am Krankeschäin a konnt net trainéieren. En plus war de Bladi-Stuppi an der Pensioun bei Schneiders (Merci!), dofir schaffe mir wuel e Sondeg net, 

mais 

den Daniel schafft mam Tzako NPO – Vorstufe a B. Dir sidd e super Team an Iech zwee nemmen dat Bescht! Dir maacht dat schon!