Besonnesch STOLZ sinn ech op de Blade! Heen huet seng éischt FH 1 matt ganzer 94 Punkten higelued… Dat war eng genial Aarbecht! Du bass e Schatzi!

  Als kleng Story: 

De Willy (alias Jean-Claude) soot de Mueren zu mir! Sief frou, datts du de haut net hues misse schaffen, well ech sinn de Mueren laanscht däi Fährtengelände gefuer an do stungen Miliounen Réih dran… Well déi stungen jo bestemmt gescht net dran, gell Willy :) Di haaten Nachbesprechung haut vu menger Spuer gescht, hihihi!

 

Den Tzako huet och geschafft, zwar méi schlecht wéi Recht, mä Frauchen hat virdun een Erfolleg, sou datt dat net méi sou wichteg war sech nach weider ze konzentréieren. Ausserdem kenn een och net matt net vill Training vill ereechen an dat hate mir lo blöderweis versicht! Frauchen, Frauchen selwer Schold…. Mä dunn hat awer och nach esou e blöde Vull di toll Iddi den Hupla als Landepiste ze huelen, haha an wat huet Frauchen mir dann dann do nach ze bidden, duecht den Härr, kee Ball, keng Leckerli,… Nönönö, dann ass d’Konzentratioun an den Wolleken! Den Tzako besteet seng B2 mat 76 Punkten! 

 

Hei kenn dir Fotoe kucken!