Di éischt Qualifikatioun ass gepackt!!!! UFF! 

 

Besonnesch STOLZ sinn ech op de Blade! Heen huet seng éischt FH 1 matt ganzer 94 Punkten higelued… Dat war eng genial Aarbecht! Du bass e Schatzi!

  Als kleng Story: 

De Willy (alias Jean-Claude) soot de Mueren zu mir! Sief frou, datts du de haut net hues misse schaffen, well ech sinn de Mueren laanscht däi Fährtengelände gefuer an do stungen Miliounen Réih dran… Well déi stungen jo bestemmt gescht net dran, gell Willy :) Di haaten Nachbesprechung haut vu menger Spuer gescht, hihihi!

 

Den Tzako huet och geschafft, zwar méi schlecht wéi Recht, mä Frauchen hat virdun een Erfolleg, sou datt dat net méi sou wichteg war sech nach weider ze konzentréieren. Ausserdem kenn een och net matt net vill Training vill ereechen an dat hate mir lo blöderweis versicht! Frauchen, Frauchen selwer Schold…. Mä dunn hat awer och nach esou e blöde Vull di toll Iddi den Hupla als Landepiste ze huelen, haha an wat huet Frauchen mir dann dann do nach ze bidden, duecht den Härr, kee Ball, keng Leckerli,… Nönönö, dann ass d’Konzentratioun an den Wolleken! Den Tzako besteet seng B2 mat 76 Punkten! 

 

Hei kenn dir Fotoe kucken!

Spontan hunn mir eis geschter um 13:00 Auer ugemellt fir um 15:00 Auer eng Ausdauerprüfung mattzemaachen! Dat ganzt aus Solidaritéit mam Loui

:)

 An natierlech och fir zu Höfen ebessi ze feieren, hihihihihi! Di kuerz roud ware gudd, gell Otmar!!!!

Den Tzako huet et alt nees gepackt, matt absoluter Liichtegkeet!!!! Wéi emmer net vill pedalléiert, merci Tzako, ech hunn haut kee Muskelkater :)

 

Leider konnt de Bladi-Stuppi net matt! Heen huet lo mol eng Zäitchen Schonfrist! Decke Knutsch op di hennescht Patt!

 

 

 D’Conny an ech waren mat eise Muppen op Klierf gefuer an hunn do schéi Fotoe gemaach!

Hei klicken fir eng Auswiel ze gesinn!

07.19.2010

Seminar beim Jogi

 Mir waren dese We op dengem Seminar beim Jogi, leider hu mir keng Fotoen dierfe maan, mais et war ganz vlott a mir hu bäigeléiert…

   

   

Owes ware mir gudd Iessen an hunn eis gudd amüséiert matt eisen däitsche Kollegen!

    

    

 

Den Tzako huet en neie gudde Frend fonnt :)

 Mais eng kleng Bidden deet awer esou gudd!

     

    

    

    

    

   

07.04.2010

Logosrallye 2010

 De Muppgrupp war um Rally ënnerwee, hei (klicken fir) epuer Fotoen!

 Den Tzako packt seng B1 matt 87 Punken! De Riichter huet gemengt wann en seng Sitzübung net "verhauen" hätt wier et en SG ginn… jo dat hate mir och erausfonnt! Mä dofir hu mir e perfekte Steh gewisen, an dat ganz ouni des technesch Übung jeh geübt ze hunn :) Ebessi Humor muss ee behalen!

Och allen aaneren Paticipanten eis Gratulatiounen!

Fotoen hei!

 

« Vorherige SeiteNächste Seite »