Video vun der BH!
D’Nadja an de Steve hunn eis BH gefilmt an se op youtube gesat. Wann et dech interesséiert kenns de de Film hei kucken!
Merci datt ech de Film konnt verlinken!
Mir hunn d’BH bestaan!
Haut op engem zimmlech verreente Samsten hunn mir d’BH bestaan an dat mat 55 Punkten (obwuel et jo eigentlech keng Punkte gëtt). Ausserdem hu mir domatt um Club Championat déi éischt Plaz gemaach!

En plus krute mir eist lëtzebuerger Leeschtungsheft an eis Lizenz!
Mir gratuléieren all eise Clubkameroden fir hir super Leeschtungen an deem schlechte Wieder a besonnesch dem Didi mat sengem Racker vom Rittmeister fir seng ofgeschwommen
93 Punkte an der FPR3 (NPO) a domatt fir seng éischte Plaz.

Weider Fotoe vun der ganzer Prüfung an der Afterprüfung sinn op www.sv-og-bollendorf.de ënner Fotoalben ze fannen!
De Startplang vun eiser Prüfung zu Gasperech

Glückwunsch!!!
Mir gratuléieren dem Antje an dem Birgit fir hir super Erfolleger an hire leschte Prüfungen:
Antje mam Brixia von der schwarzen Magie: bestanden!
Antje mam Anubis von der schwarzen Magie: SchH2 (97-92-84)!
Birgit mam Knox vom Adelsmannfelder Land: SchH2 (100-95-87)!
FOTOEN
Ech hunn Fotoen vun der WUSV online gestallt!
Se sinn enner Best Pics ze fannen!
Neisten Ännerungen:
Dem Blade säi Stammbaam ass agefügt ginn!
Bei "Best Pics" sinn nach schéin faarweg Fotoe online gesat ginn!
Dem Tzako säin Apport
Endlech ginn et Fotoen vum Tzako sengem Apport.
Weider Fotoen vun engem "fliegenden, apportierenden Otter" sinn enner Fotoen ze fannen!
AKZ: BH, AD
Neisten Infoen iwert de Blade:

De Blade huet seng éischt Prüfung gepackt! 20 km Velo sinn fir heen kee Problem gewiescht!
AKZ: AD
Neisten Infoen iwert den Tzako:

Den Tzako huet d’Ausdauerprüfung och gepackt, an esou datt de Riichter soot heen hätt déi beschte Patten an dobäi huet heen d’Nora iwert déi 20 km gezunn!!!!
AKZ: BH, AD